Ag. éducatif ou éd. dip. CDI 75% Lux-Ville
Published on 11/03/2025
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Meedercherswunngrupp zu Bouneweg
Een Agent éducatif oder éducateur diplômé (m/w/d) - CDI - 75%
Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart