NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Internat Stad Lëtzebuerg
Published on 19/12/2025
ARCUS asbl
Mir siche fir d'Internat Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch
D'Internat Stad Lëtzebuerg befënnt sech am Stadkär vun der Stad Lëtzebuerg. Hei ginn ronn 52 Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten.
Deng Aufgaben:
Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag
Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen
Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher
Däi Profil:
Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren
Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser
Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)