Auxiliaire de vie (m/w/d)
Published on 16/10/2026
COOPERATIONS Asbl
Auxiliaire de vie (m/w/d)
40 Stonne/Woch
CDD vum 1er mars 2027 bis 31 août 2027 inclus fir de remplacement vun engem congé parental
am Foyer d’hébergement « Weeltzer Haus » zu Woltz
Är Aufgaben
- D’Bewunner bei den alldeeglechen Aufgaben an Aktivitéiten, no hieren individuellen Besoine, begleeden, ënnerstëtzen an eng ugepassten edukativ Begleedung garantéieren ;
- D’Bewunner bei der Entwécklung an dem Erhale vun hirer Autonomie ënnerstëtzen ;
- Bei der Organisatioun an dem gudde Fonctionnement vum Alldag am Foyer matwierken ;
- Eng professionell a respektvoll Kommunikatioun mat de Bewunner, de Kolleege an de Partner garantéieren ;
- Bei der Dokumentatioun an dem Suivi vun de Begleedungen matwierken.
Äre Profil
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an Autorisation d'exercer sinn
- Fachlech Kompetenzen an/oder Erfarung am soziale Secteur ;
- Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch ;
- Flexibilitéit bei den Aarbechtszäiten (Sonndes, Nuets an op Feierdeeg);
- Gutt organisatoresch Fäegkeeten, Verantwortungsbewosstsinn an Diskretioun ;
- Fäegkeet fir autonom, strukturéiert a koordinéiert ze schaffen ;
- Führerschäin Klass B ;
- Teamgeescht, Engagement a Freed um Kontakt mat de Leit.
Mir bidden
- Eng ofwiesslungsräich an interessant Aarbecht ;
- D’Méiglechkeet, Deel vun enger dynamescher an engagéierter Ekipp ze ginn ;
- CCT-SAS carrière C3
Dir sidd interesséiert ? Dir wëllt Deel vun eiser Ekipp ginn ? Da schéckt eis w.e.g. Äre CV an Äre Motivatiounsbréif iwwer Moovijob.com.