Consultant fir Personalentwécklung (m/f/d) Expired

Published on 19/04/2024

FEDAS Luxembourg asbl logo

FEDAS Luxembourg asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Educational level

Consultant fir Personalentwécklung (m/f/d)


Mat bal 50 Mataarbechter an 190 memberen, ass d’FEDAS Luxembourg asbl den Haaptreseau fir Organisatiounen mat enger sozialer a gesellschaftlecher Ausrichtung. Als multiprofessionnel Patronatsfederatioun representéiere mir d’Acteure um soziale Secteur a promouvéieren d’sozial Aktivitéite a Lëtzebuerg.


D’FEDAS Luxembourg wéilt sech gär weider entwéckeln, an sicht dowéinst an engem Contrat à durée indéterminé mat 40 Stonnen/Woch e Consultant fir d’Personalentwécklung, ugesidelt un eisem Centre de formation.


De Centre de formation vun der FEDAS huet als Mission, d'Acteuren vum sozialen Sektor am Prozess vun der Formatioun an der Kompetenzentwécklung vun hirem Personal zu ënnerstëtzen. D'Offer vum Centre de formation umfaasst Katalogskueren, Formatiounen sur mesure, souwéi Begleedung an der Personalentwécklung.


Är Missioun ass engersäits am Service un de Memberen ugesidelt, wou Dir an eiser Ekipp un der Conceptioun vun eiser Formatiounsoffer matschafft, an anerersäits an der FEDAS intern, an der Zesummenaarbecht mat der Verantwortlichen fir HR-BP de Beräich vun der Entwécklung vum Personal ofzedecken.


Är Tâchen


  • Offer am Accompagnement de développement professionnel (Coaching, Super visioun asw.) verstäerken a weiderentwéckeln
  • Ënnerstëtzung vun de Memberen vun der FEDAS beim Ausschaffe vu Formatiounspläng fir hir Personal
  • Ënnerstétzung vun eise Memberen an hirer Entwécklung vu Kompetenzen am RH-Beräich
  • Revisioun an/oder Redactioun vun HR-Proceduren, Aarbechtsbeschreiwungen a Konzepter, déi mat Personalentwécklung zesummenhänken
  • Participatioun an der gestion prévisionnelle vun de Ressources humaines bäi der FEDAS
  • Stäerkung vun HR-BP Fonktioune am Beräich Personalrecruting, On- an Offboarding, Personalentwécklungskompetenzen, Wuelbefannen a Gesondheetsmanagement


Äre Profil


  • Dir wäist solitt Kenntnisser an Personal-Entwécklung, Kompetenze-Entwécklung an/oder Coaching, souwäi methodologesch Kompetenzen an dësen Beräicher op
  • Di schwätzt a schreift fliesend Lëtzebuergesch an/oder Däitsch an hutt och gutt Kenntnisser am Franséischen
  • Dir sidd kreativ, innovativ an motivéiert awer och verantwortungsbewosst, kënnt Prioritéite setzen an respektéiert Delaisen
  • Sozial Kontakter fallen Iech liicht an Dir kënnt gutt Är Servicer verkafen


Wat erwaard Iech?


  • Eng ofwiesslungsräich Aarbecht mat vill Raum fir Är Initiativen an Iddien
  • Eng flott an dynamesch Ekipp
  • Eng Remuneratioun nom CCT-SAS
  • Weider Avantagen, déi d'FEDAS bidd
FEDAS Luxembourg asbl logo

FEDAS Luxembourg asbl

4, rue Joseph Felten
L-1508 Howald
Luxembourg

Career FEDAS Luxembourg asbl