Agent éducatif oder éducateur diplômé H11 Mersch
Published on 02/09/2025
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
D'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hire Kanner- a Kigemdwimmgruèè
d'Haus 11 zu Miersch
Een Agent éducatif oder Educateur diplômé (m/w/d)
CDI – Vollzäit
Wichtegen Acteur an der Kanner- a Familljenhëllef zu Lëtzebuerg, d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf begleet zanter bal 60 Joer Kanner, Jugendlecher a Familljen an entscheedende Momenter vun hirem Liewen. Präsent zu Miersch, am SOS Kannerduerf, souwéi op verschiddene weidere Plazen am Land, entwéckelt d’Fondatioun Opnamstrukture a pedagogesch innovativ Projeten, baséiert op Respekt, Bientraitance an Autonomie.
Amgaang sech weider ze entwéckelen, stäerkt si haut hir Kompetenzen, fir de soziale wéi och educative Fuerderunge vu muer gerecht ze ginn, mat engem déifmënschlechen a festen Engagement.
Är Aufgaben :
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ fir den Educateur diplômé
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom)
- Sympass Kaart
Mëllt Iech online iwwert
a luet follgend Dokumenter rop
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Droit d'excercer si applicable
Am Fall vun engem Recrutement, gitt dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefrot.