Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) - CDI - 75% oder 80%
Published on 22/11/2024
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Een Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) - CDI - 75% oder 80%
Är Aufgaben:
- Dir iwwerhuelt, d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu Fleegefamilljen, Fleegekanner an hiere biologëschen Elteren;
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
- Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
- Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.3.)
- Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
- Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom Bachelor Studium an der Sozialpedagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz oder den Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
- Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
- Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
- Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
- Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
- Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
- Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
- Dir hutt e Führerschäi B.
Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS.
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Liewenslaf mat Foto
- Motivatiounsbréif
- Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.