Gestionnaire Salaire et Administratif

Published on 26/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Working time
Type of contract
Spoken languages
LB
Educational level
Remote working

Är Aufgaben:

  • Dir gereiert den administrativen Dossier vun eise Mataarbechter vun hirer Astellung un, wĂ€rend hirer ganzer KarriĂ€re, bis zu hirem Depart
  • Dir fleegt Personaldaten an eisen Datebanken
  • Dir organisĂ©iert a garantĂ©iert de Suivi vun de Visitten bei der Aarbechtsmedezin
  • Dir preparĂ©iert a rechent Salairen : Kollekt a Kontroll vun den DonnĂ©e’n (AarbechtszĂ€iten, Congé’en, Maladies, Saisien a Cessiounen...) bis zum Ausstelle vu Paifichen
  • Dir frot Remboursementer un fir aussergewĂ©inlech Absencen (CongĂ© Ă©ducation, CongĂ© politique, PappecongĂ©, asw.)
  • Dir preparĂ©iert DonnĂ©e fir d’Erstelle vun den Decompte fir dĂ©i eenzel Administratiounen a MinistĂšren
  • Dir sidd Kontaktpersoun fir eis Mataarbechter a Responsabel fir Froe betreffend    d‘Aarbechtsrecht, de Kollektivvertrag, d’SĂ©curitĂ© sociale,..
  • Dir huelt aktiv u verschiddenen Projeten am Service RH deel

Äre Profil:

  • Dir hutt een ofgeschlossene Diplom de fin d’études secondaires a konnt eng Ă©ischt    berufflech Erfarung an enger Ă€nlecher Funktioun sammelen
  •  Dir kennt KollektivvertrĂ€g vun der SAS an der AGEDOC
  •  Dir hutt Liichtegkeet am Ëmgang mam Computer, a kennt iech idealerweis mat engem    oder mei vun eisen RH Systemer aus (WISAL, PEP, PERSIS a SeeZam) 
  •  Dir schwĂ€tzt LĂ«tzebuergesch, DĂ€itsch a FransĂ©isch
  •  Dir sidd TeamfĂ€eg, a kĂ«nnt eech u verschidden Uspriechpartner upassen
  •  Dir hutt gutt OrganisatiounsfĂ€egkeeten, sidd grĂ«ndlech an exakt
  •  Dir weist Initiativgeescht a sidd Verantwortungsbewosst

Mir bidden:

  • DĂ«s Plaz gesĂ€it ee 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten ZĂ€it vir
  • Eng Ustellung fir ab direkt
  • DĂ«s Plaz fĂ€lt Ă«nnert den SAS-Kollektivvertrag a gĂ«tt an der CarriĂšre C4 bezuelt
  • Meiglechkeet fir Teletravail ze maachen, an no Horaire Mobile ze schaffen