Een Agent technique

Published on 05/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Är Aufgaben:

  • Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vum Gebäi, den Alentouren an dem Fuhrpark
  • Divers deeglech Handwierksaarbechten, Renovatioun oder Reparaturen
  • D’Offallwirtschaft
  • Dir iwerhuelt Zoustänegkeet vum Secherheetsbeoptraachten
  • Dir sidd bedeelegt un der Virbereedung vun verschiddenen Aktivitéiten am Haus (saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen)


Äre Profil:

  • Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung als Elektriker oder Heizungsmonteur as vu Virdeel
  • Gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierkleche Beräicher
  • Erfarung am Usträicherberäich, der Beaarbechtung vun Holz oder Metall souwei och Montageaarbechten sinn vu Virdeel
  • Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Kenntnisser vun den 3 Landessprooche (L/D/F)
  • Zouverlässegkeet, Diskretioun, Flexibiltéit, Disponibilitéit, Dynamismus an Exaktheet
  • Kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht
  • Dir schafft gäer am Kontakt mat de Bewunner a mat den Mataarbechter aus de verschiddensten Beruffsgruppen an Dir sidd bereet Iech mat a fir Menschen ze engagéieren


Mir bidden:

  • 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)