Aides-soignants
Published on 05/03/2025

Elisabeth
- Berbourg
- Health / Medical Care / Social services
- Between 1.9k and 7.1k € / year
Ă„r Aufgaben:
- Begleedung an HĂ«llefstellung vun eise Bewunner am Alldag
- Betreien a Fleegen vun eise Bewunner no de Richtlinien vun eisem Fleege- an Betreiungskonzept
- Eegeverantwortlecht an eegestännegt Ëmsetzen vun deenen am Team geplangten fleegereschen an betreiereschen Mossnahmen.
- Duerch d’Matwierken am Haus an am Wunnberäich dozou bäidroen, dass d’Bewunner sech bei eis wuelfillen.
Ă„re Profil:
- Een zu LĂ«tzebuerg unerkannten Diplom als Aide-Soignant (m/w/d)
- Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel
- Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- DĂ«s Plazen falen Ă«nnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäi Klass B
- Eischt HĂ«llefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERĂśCKSICHTEGT)