NEW Chargé de direction – Crèche/Maison Relais Rammerech (m/w)

Published on 18/06/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung? Du hues Loscht Entscheedungen an engem dynameschen Team vun enger Crèche a Maison Relais matzegestalten?


Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun der Crèche/Maison Relais Rammerech: Chargé de direction (m/w) - 40 Stonnen/Woch CDI


Als Deel vun der Equipe dirigeante bass du coresponsabel fir di pädagogesch Qualitéit an der Struktur, fir d’Personalentwécklung, fir den organisatoreschen Oflaf a fir déi administrativ Leedung.


Mir bidden dir:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld
  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt.
  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Obligatoresch Ufuerderungen:

  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten
  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden an hues mindestens 5 Joer Erfarung am sozio-edukative Beräich
  • Du hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen an deng Kompetenzen anzesetzen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannte Bachelor oder Master a Sozial- an Erzéiungswëssenschaften
  • Du kanns selbstänneg schaffen
  • Du hues exzellent Lëtzebuergesch-, Franséisch- an Däitschkenntnisser

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)



ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxembourg

Career ARCUS asbl

NEW Chargé de direction – Crèche/Maison Relais Rammerech (m/w)

Apply online

NEW Chargé de direction – Crèche/Maison Relais Rammerech (m/w)

Apply