NEW Educateur diplômé - Centre Formida / Internat (m/w)

Published on 07/06/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

 

Fir eist Internat "Formida Wunnen" siche mir een: Educateur diplômé (m/w) - 32 Stonnen d'Woch CDD (6 mois)


Responsabilitéiten

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag
  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi sech individuell un de Jugendlech hir Entwécklung upassen, esou dass si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
  • Uleedung zu engem kreative Bildungs-a Fraïzäitverhalen
  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren
  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser
  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
  • Du bass flexibel wat Aarbechtszäiten uginn (Dages-an Nuetsschichten)

Mir bidden

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E multidisziplinäert Aarbechtsfeld

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

2 Place de Strasbourg
2562 Luxembourg
Luxembourg

Career ARCUS asbl

NEW Educateur diplômé - Centre Formida / Internat (m/w)

Apply online

NEW Educateur diplômé - Centre Formida / Internat (m/w)

Apply