Educateur diplômé - Maison Relais Mäerzeg (M/W/NB)

Published on 26/02/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mäerzeg läit am Norde vum Lëtzebuerg an ass bekannt fir seng roueg a gréng Ëmgéigend. D'Duerf ass naturno a bitt vill Méiglechkeete fir flott Outdoor-Aktivitéiten. D'Maison Relais zu Mäerzeg bidd Plaz fir ronn 140 Kanner an huet nieft de verschidde Räim, e Kannerrestaurant,  en Atelier an Zougang op d'Sportshal. Baussen ass eng Spillplaz an e Sportsterrain wou een och profitéiere kann. 


Responsabilitéiten


Mir siche fir d'Maison Relais Mäerzeg  Educateur diplômé (M/W/NB) CDI - 20-30 Stonnen/Woch (den Posten ass ab Juni fräi)


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom;

  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten;

  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


Apply online

Educateur diplômé - Maison Relais Mäerzeg (M/W/NB)

 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.