Educateur diplômé - Maison Relais Groussbus (M/W/NB)
Published on 26/02/2025

ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D’Maison Relais Groussbus bitt verschidde Bildungsraim , ewéi zum Beispill e Rollespillraum, en Atelier, e Museksraum e Bitzatelier oder e Beweegungsraum, fir 140 Kanner. Zousätzlech sti baussent dem Gebai Sportshal, Multi-Sportsterrain, a Spillplaz zur Verfügung.
Fir eis engagéiert Equipe siche mir motivéiert Mataarbechter*innen, déi mat Passioun a Freed d’Kanner op hirem Wee begleeden.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Maison Relais Groussbus: Educateur diplômé (M/W/NB) 25 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld