Educateurs diplômés - Maison Relais Garnech (M/W/NB)
Published on 22/03/2025

ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D'Maison Relais Garnech bitt Plaz fir 160 Kanner an ass eng integrativ Betreiungsstruktur, déi Kanner an hiren Interessen an hirer Entwécklung ënnerstëtzt. D'Maison Relais huet sechs Funktiounsräim fir Kanner tëscht sechs an 12 Joer, an dräi Räim fir Kanner tëscht dräi a sechs Joer. Zousätzlech gëtt et e kreativen Atelier an e Medienraum, déi de Kanner d'Méiglechkeet gëtt hir Kreativitéit ze entfalen. Als Erzeiher begleets an ënnerstëtz du d'Kanner an hirem Léieren, baséiert op hiren Interessen, a schaafs Raum an der d'Kanner hire Froen nogoe kënnen.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d’Maison Relais Garnech: Educateurs diplômés (M/W/NB) - 35 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld