Educateur gradué
Published on 07/11/2024
Elisabeth
- Bettembourg
- Health / Medical Care / Social services
- Between 1.8k and 2.8k € / month
Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
Deelhuelen un der Organisatioun vun den Aktivitéiten an engem sozialen Netzwierk an der Regioun, zesumme mat regionalen, awer och nationalen an internationalen Acteuren
Sech abréngen an d’Ausschaffen an d’Ëmsetze vun engem uspriechende Programm mat kulturellen a sportlechen Aktivitéiten, Visitten, Ausflich, Virträg, Seminären, … ennerstëtzen
D’Basiskonzept unhand vun de Besoine a Wënsch vun der Zilpopulatioun mat weiderentwéckelen
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
Eng zu Lëtzebuerg unerkannten Ausbildung mat Minimum Niveau Bac+3 am socio-éducative Beräich
Kenntnisser an der Gerontologie a wéi een physesch a mental fit bléift, si vu Virdeel
Freed um Organiséieren, Ëmsetzen a Begleede vun Aktivitéiten
Déi 3 Landessprooche beherrschen (L/D/F). Lëtzebuergesch ass eng Viraussetzung
No flexibelen Auerzäite schaffe kënnen
Gutt Computerkenntnisser (MS-Office)
De Führerschäin Klass B
Eischt Hëllefscours
Verantwortungsbewosstsënn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
Kontaktfreedegkeet, Opgeschlossenheet a Sënn fir Humor
Wäertschätzung a Kooperatiounsfäegkeet
Loscht sech mat a fir Mënschen z’engagéieren an dozou bäizedroen, datt d’Leit am Alter (50+) aktiv bleiwen, Neies entdecken, Freed hunn a gären um Liewe vun der Gesellschaft deelhuelen
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
Dës Plaz gesäit ee 10 St/W Aarbechtskontrakt vir
De Kontrakt ass op onbegrenzten Zäit
Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
Casier judiciaire no 4
Führerschäi Klass B
Eischt Hëllefscours
Délai fir d’Kandidatur: 31.10.2024
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, Mënschen ze hëllefen an een oppent Ouer hutt, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)