Educateur diplômé - Maison Relais Feelen (m/w/d)
Published on 11/12/2024
ARCUS asbl
- Niederfeulen
- Health / Medical Care / Social services
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D'Maison Relais Feelen ass am Häerz vun engem schéinen Duerf am Norde vu Lëtzebuerg. Hei bidde mir 181 Kanner en inspiréierend Ëmfeld, mat Hëllef vun enger engagéierter Equipe vun ronn 20 Mataarbechter. Eis Zil ass et, d’pädagogesch Qualitéit duerch Kreativitéit an Engagement weider ze entwéckelen. Géigesäiteg Wäertschätzung präägt eis Kultur a fërdert e kreativen Austausch an der Equipe.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d’Maison Relais Feelen : Educateur diplômé (m/w/d) - 20-35 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass e Virdeel
Mir bidden
- Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
- Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
- En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
- Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
- En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)