Är Aufgaben:

* Sécheren an hierstelle vum Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner

* Hëllef beim Encadrement an der Betreiung vun de Bewunner am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus

* Selbstänneg plangen, organiséieren, duerchféieren an evaluéiere vun Aktivitéiten fir d'Bewunner (individuell an/oder am Grupp) 

* Leeschtungen ausféieren anhand vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng vun den uvertraute Bewunner 


Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (m/w)

* Berufflech Erfarung am Beräich Geriatrie an Demenz ass vu Virdeel

* Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Menschen si vu Virdeel

* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)

* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)

* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)

* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit

* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf


Mir bidden:

* 30-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit

* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn


* Droit d’exercer

* Casier judiciaire no 4

* Führerschäi Klass B

* Eischt Hëllefscours


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.


(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)