Een Infirmier

Published on 05/03/2025

Elisabeth logo

Elisabeth


Är Aufgaben:

* Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Fleegeheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien 

* Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den "Attributions Infimiers") 

* Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus 

* Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng

* Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis

* Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d'Bewunner

* Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis


Äre Profil:

* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d) 

* Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen 

* Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2) 

* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office) 

* Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus) 

* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit 

* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft 

* Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren


Mir bidden:

* 40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit 

* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag 


Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn 


* Droit d’exercer 

* Casier judiciaire no 4 

* Führerschäin Klass B 

* Eischt Hëllefscours 


Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur. 



(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERĂśCKSICHTEGT)