Direktiounssekretär (m/f) (réf. E00032786)
Published on 30/11/2024
GovJobs
- Luxembourg ville
- Culture / Sport / Leisure
- Marketing / Communication / Design
Qui recrute ?
Musée national d’archéologie, d’histoire et d’art
Missions
- Den Nationalmusée um Fëschmaart sicht en(g) Direktiounssekretär(in), déi Persoun soll folgend Missiounen erfëllen:
- Opsetze vu verschiddenen Dokumenter wéi Reuniounsberichter, Bréiwer, Korrespondenzen asw. an dat souwuel op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch wéi och op Englesch;
- D’Unhuelen a verdeelen vun der Post;
- Den Telefongsempfang maachen an d’Uriff je no Fall weiderleeden;
- Den Agenda vun der Direktioun verwalten;
- D’Breiwer fir d’lëtzebuerger Branche vum “International Council of Museums (ICOM)” u si weiderleeden;
- D’Reservatioune fir déi verschidde Säll am Nationalmusée verwalten (fir intern Reuniounen, Vernissagen, Atelieren a Konferenzen);
- Virbereede vun den Assurance fir d’Ausstellungen an/oder Verléine vu Konschtwierker un aner Institutiounen, souwuel national ewéi international;
- Hotelszëmmere reservéiere fir auslännesch Coursieren, Kënschtler a Éieregäscht am Virfeld vun Vernissagen souwéi Restaurantsreservatiounen;
- D’Dokumenter vun der Direktioun archivéieren.
Profil
Compétences techniques
- Beherrsche vun den gängege Bureausprogrammen (Word, Excell, Outlook etc.) souwéi Sekretariatstechniken;
- Gutt redaktionnell Kompetenzen;
- Héiflechen a gudde Kontakt mat all Zort vu Léit;
- Gutt Presentatioun.
Compétences comportementales
- Souwuel autonom a selbststänneg kënnen schaffen, wéi och an enger Equipe;
- Stressresistent an diskret sinn;
- Ongeplangte Situatioune kënne mat Rouh a klorem Kapp géréien;
- Verléisslech, pünktlech a flexibel sinn;
- D’Direktive vun der Direktioun kënne kloer un d’Agenten kommunizéieren.
Atouts
- Erfahrung an engem Direktiounssekretariat beim Staat ass vu Virdeel.
Conditions d’admission
Poste d'employé de l'État
Obtenez plus de détails sur les conditions d'admission des employés de l'État.
Diplômes
Vous êtes détenteur soit du diplôme luxembourgeois de fin d’études secondaires, soit du diplôme luxembourgeois de fin d’études secondaires techniques, soit d’un certificat sanctionnant des études reconnues équivalentes.
Langues
Vous répondez aux exigences des connaissances de 3 langues administratives pour le groupe d'indemnité B1.
Nationalité
Vous êtes ressortissant d’un État membre de l’Union européenne.