Gestionnaire de dossiers Junior CDI
Published on 10/07/2026
Clicredit
Gestionnaire de dossiers Junior CDI
Â
Wien ass Clicredit,
Clicredit ass eng Finanzberodungsfirma, déi an der Belsch an zu Lëtzebuerg aktiv ass. Am Kader vun eiser Geschäftsentwécklung siche mir e Gestionnaire fir eise Büro zu Lëtzebuerg
Aufgaben:
- Veraarbechtung vun neie Kreditufroen
- Opbaue vun enger Vertrauensrelatioun mat eise Clienten
- Analysen an Uleeën vun neien Dossier
- Gestioun a Suivi vun aktuellen Dossier
- Gestioun vun den Uriff déi erakommen oder erausginn
- Opstellung vu professionelle Bezéiunge mat eise Finanzpartner.
Profil
- Dir hutt en Ofschlossdiplom vum Secondaire Unterrecht
- Dir hutt Erfarung als Gestionnaire an de Kreditter - ass e Virdeel
- Dir hutt e kommerziellen an analytesche Geescht
- Dir hutt e Verantwortungsgefill
- Dir sidd flexibel an Dir hutt Erausfuerderunge gären
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch; Franséisch a Portugisesch , déi sinn obligatoresch; Englesch ass en Virdeel
- Dir sidd riguréis a villsäiteg
Â
Mir bidden
- E CDI oder CIE Kontrakt
- Weiderbildung
- Eng flott a motivéiert Equipe
- E feste Gehalt + en attraktive variabelen Undeel
Â
Interesséiert !? Dann kontaktéiert : Schéckt Ären CV an Äre Motivatiounsbréif un Moovijob.com.