NEW Responsable (M/W/NB) - Internat Mäerzeg

Published on 05/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Educational level

Mir sichen fir d'Internat Mäerzeg ee Responsable (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch

D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten.


Deng Aufgaben:

  • Du bass zoustänneg fir d'operationell Gestioun a Leedung vum Internat

  • Du encadréiers eng pluridisziplinär Ekipp vun 15 Mataarbechter.innen a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung

  • Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogeschen Projeten déi de Besoine vun de Kanner an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen

  • Du vertrieds d’Internat no baussen (Familljen, extern Partner, Autoritéiten, etc.) a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht

  • Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Direktioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)

Däi Profil:

  • Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom (minimum Bachelor) am sozio-educative Beräich

  • Mindestens 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Beräich

  • Erfarung an der Leedung vun enger Ekipp ass vu Virdeel

  • Gutt Kenntnisser am schouleschen a soziale Secteur zu Lëtzebuerg

  • Flexibilitéit an den Aarbechtszäiten

  • Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen. All aner Sprooch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart:

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld

  • Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt

  • E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Apply online

NEW Responsable (M/W/NB) - Internat Mäerzeg

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.