Account Manager / Business Developer B2B (h/f/d) - Stage oder CDI

Published on 10/11/2025

Moovijob.com logo

Moovijob.com


Moovijob.com, déi féierend Plattform fir Jobannoncen zu Lëtzebuerg an Haaptorganisateur vu Karriärsevenementer, ass op der Sich no neie Mataarbechter.


Entdeck elo wéi’s du eis hëllefe kanns eis Servicer weider z'entwéckelen, andeems de eisem Sales-Team bäitrëts.👇


Business Developer B2B (m/w/d) – Stage oder CDI


Kontrakt: CDI oder Stage (min. 6 Méint a Vollzäit)

Entrée vum Posten: no Ofsprooch


Wien si mir?

Zënter 2007 huet Moovijob.com sech zum wichtegsten Acteur um lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché entwéckelt.

Mat méi wéi 5000 Jobannoncen op eiser Plattform an eise villfältegen Eventer déi iwwert ganzt Joer verdeelt sinn, brénge mir Talenter a rekrutéierend Entreprisen zesummen.

Bei Moovijob.com derbäi sinn heescht Deel vun enger Firma mat staarkem Wuesstum ze ginn, eng beräicherend mënschlech Erfarung ze maachen a sécher Perspektive fir deng Carrière opzebauen.

 

Wat bréngs de mat?

  • Du bass bereet ze léieren an dech wieder ze entwéckelen oder du hues schonn Erfarung am Verkaf.
  • Du hues Ambitiounen a Loscht op Erausfuerderungen.
  • Du hues groussen Interessi u Verkaf.
  • Du bass oppen, dynamesch, organiséiert a riguréis.
  • Du schwätz onbedéngt Lëtzebuergesch oder Däitsch, souwéi Franséisch. (Englesch oder aner Sproochen si natierlech e Plus!)

 

Wat ass deng Roll?

  • Entwécklung vum Site Moovijob.com: Du fënns nei Clienten (Entreprisen), déi op der Sich no neie Mataarbechter sinn, a proposéiers hinnen d’Diffusioun vun hiren Offeren op eiser Plattform.
  • Clientë kontaktéieren, betreien a laangfristeg begleeden

 

Wat bidde mir:

  • E familiäert a dynamescht Aarbechtsëmfeld mat engem Startup-Vibe.
  • Büroe ganz no bei der Staater Gare an den Tram-/Busarrêten.
  • Eng super Geleeënheet fir nei Tools a Fäegkeeten ze léieren.
  • Divers a spannend Missiounen.
  • Eng multikulturell Ekipp vun 21 Leit, déi ëmmer prett sinn, sech géigesäiteg z’ënnerstëtzen.



Wann s du mengs, dass dëse Poste genee fir dech ass, da mell dech elo op Moovijob.com a vergiess net, däin CV an e klenge Motivatiounsschreiwes derbäi ze maachen. Mir freeën eis, dech kennen ze léieren!


Méi iwwer Moovijob.com a eis Ekipp fënns de op eise soziale Medien:

Apply online

Account Manager / Business Developer B2B (h/f/d) - Stage oder CDI

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.