NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Internationale de Belair

Published on 18/02/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , EN , DE , LB
Educational level

Mir siche fir d'Crèche Internationale de Belair: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch


An der Crèche Internationale de Belair gleewe mir drun, datt déi éischt Liewensjoren eng ganz besonnesch Zäit vun Entdeckung a perséinlecher Entwécklung sinn. An dëser Struktur begleede mir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer an engem sécheren a respektvollen Ëmfeld, wou Wuelbefannen an individuell Fërderung am Mëttelpunkt stinn. Mat Engagement, Professionalitéit a Freed schafe mir Raim fir kreativ Spillmomenter, sozial Léiererfarungen a pädagogesch Projeten, déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet stäerken.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleets Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Ëffnungszäite vun der Crèche: 7h00–19h00)

  • Du kanns esouwuel selbststänneg ewéi och am Team schaffen a bréngs e staarken Teamgeescht mat

  • Du bass organiséiert, motivéiert a kreativ an denger Aarbechtsweis

  • Du hues gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2), all aner Sproch ass vu Virdeel


Waat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Apply online

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Internationale de Belair

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.