NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 4 (m/w/d)

Published on 12/10/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Mir siche fir de Cycle 4 an der Maison Relais Rouspert/Mompech: Educateur diplômé (m/w/d) - 20 Stonnen/Woch CDI oder 16-18 Stonnen/Woch CDD (15.10.24 - 15.10.25)


Bass du eng engagéiert Erzéierin oder en engagéierten Erzéier a wëlls Kanner am Alter vun 9 bis 13 Joer op hirer Entwécklungsrees begleeden? Da bass du bei eis genau richteg.Eist Zil ass et, d’Kanner an hirer Autonomie ze stäerken, hir sozial a kognitiv Fäegkeeten ze fërderen an hinnen e séchert an inspiréierend Ëmfeld ze bidden. Du schaffs aktiv mat dorun, d’Kanner ze motivéieren, hir Kompetenzen ze entwéckelen an hir natierlech Curiositéit fir d’Welt ronderëm si weiderzëentwéckelen. Eis Struktur fir de Cycle 4 bitt véier Bildungsraim un: e Medienraum, wou d'Kanner léieren, mat neien Technologien ëmzegoen, en Atelier fir kreativ an handwierklech Aktivitéiten, en Theaterraum, wou si hir Talenter entfale kënnen, an en Iessberäich. Ausserdeem ginn regelmässeg pedagogeschen Aktivitéiten ugebueden, déi den individuelle Besoine vun de Kanner ugepasst sinn. Aktuell betreie mir am Cycle 4 ronn 85 Kanner, déi vun engem Team vu 7 motivéierten Erzéier/innen begleet ginn. Zesumme mat den anere ronn 40 Mataarbechter/innen an eiser ganzer Struktur schafe mir eng frëndlech, inklusiv an ënnerstëtzend Léierëmfeld, wou all Kand individuell gefördert gëtt a sech wuel fillt. Wann s du Loscht hues, aktiv bei der Bildung an Entwécklung vun de Kanner matzewierken, freeë mir eis ganz besonnesch op deng Bewerbung! 


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
  • Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Mir sichen leidenschaftlech an engagéiert Mataarbechter, déi Freed drun hunn, mat Kanner ze schaffen an Deel vun engem dynameschen Team ze sinn. Eis Missioun ass et, an enger gudder Atmosphär ze schaffen, wou jiddereen d’Fräiheet huet, seng eege Iddien an Initiativen anzebréngen. An engem Team, dat sech géigesäiteg ënnerstëtzt, bidden mir de Raum fir Autonomie an Verantwortung, während d’Bedierfnesser vun de Kanner ëmmer am Zentrum stinn. Weiderbildung a kontinuéierlech Entwécklung si fir eis wichteg, fir dass all Mataarbechter sech perséinlech a professionell weiderentwéckele kann. Wann och s du Freed un engem ofwiesslungsräichen Alldag hues an d’Kanner mat engem Laachen duerch de Dag begleede wëlls, da bass du bei eis genau richteg!"



(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

52b Avenue Gaston Diderich
1420 Luxembourg
Luxembourg

Career ARCUS asbl

NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 4 (m/w/d)

Apply online

NEW Educateur diplômé - Maison Relais Rouspert/Mompech - Cycle 4 (m/w/d)

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this monthly meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.