1 Charg(é) de la qualité pédagogique (m/w/x) - 40st - CDI - Siège Howald

Published on 22/10/2025

CJF - CARITAS JEUNES et FAMILLES logo

CJF - CARITAS JEUNES et FAMILLES


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

CJF - Grandir ensemble - Zesumme Wuessen




Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.

 

Fir d’Cellule de Développement de la qualité pédagogique siche mir eng/ee Chargé(e) de la qualité pédagogique (m/w/x), fir eise Site um Houwald.

Deng Missioun ass et dofir ze suergen, datt déi pädagogesch Praxis mat der aktueller Gesetzeslag, dem jeeweilege Bildungsrahmenplang (non-formaler Bildung an och an der Kanner-Familljenhëllef) an eisen Valeuren – gepräägt vu Solidaritéit a Bienveillance – am Aklang ass.

Zousätzlech dréis de dozou bäi, déi pädagogesch Praxis a Konzepter weiderzëentwéckelen an d’Qualitéitssécherung an -entwécklung am Betrib virunzedreiwen.

Du garantéiers, datt eis pädagogesch Approche permanent um neiste Stand ass an sech un d’Bedierfnesser vun de Kanner, Jugendlechen a Familljen upasst.

Du entwéckels, op Basis vun neie gesetzleche Reegelen, wëssenschaftlechen Erkenntnisser an internationale Referenzen, pedagogesch Konzepter.

 

Däi Profil :


Du hues :

  • E fundéiert Wëssen a Verständnis vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg,
  • Eng mindestens 10-järeg Erfarung am soziale Beräich zu Lëtzebuerg,
  • E Bachelor am sozio-edukative Beräich an/oder Assistant Social oder equivalent,
  • Erfarung an der Qualitéitsentwécklung an der Qualitéitssécherung,
  • Beherrsche vun de Kannerrechter a Kannerschutzkonzepter,
  • Oppenheet fir nei Konzepter an Approchen,
  • De Wëllen, dech perséinlech a professionell weiderzëentwéckelen,
  • Freed drun, an enger multidisziplinärer Ekipp ze schaffen,
  • Perfekt redaktionell Kapazitéiten am Franséischen an am Däitschen
  • Eng Kenntnis vun de Secteuren SEA, AEF a Jugend ass e Virdeel.

 

Mir bidden dir :


  • Eng attraktiv Pai, déi no der aktueller CCT-SAS festgeluecht gëtt (Carrière C6 maximum),
  • E Festvertrag (CDI) – 40 Stonnen/Woch,
  • En empathescht a professionellt Aarbechtsëmfeld,
  • Eng positiv Entreprisekultur mat der Méiglechkeet, Deel vun engem multidisziplinären, passionéierten an engagéierten Team ze ginn,
  • En direkten oder no Ofsprooch méiglechen Ufank,
  • En interessanten a villfältegen Aarbechtsberäich,
  • D’Méiglechkeet, déi pädagogesch Praxis mat ze gestalten,
  • Eng Plaz an enger ënnerstëtzender Ekipp,
  • Ënnerstëtzung fir deng perséinlech a professionell Entwécklung,
  • Individuell ugepasste Weiderbildungsméiglechkeeten.


Ass Bildung deng Beruffung ?


Da si mir gespaant op dech! Wann’s de dech fir CJF entscheeds, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit.

Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.

 

Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).