Auxiliaire de vie / Educateur diplômé - Schneider Haff - 75 %
Published on 16/10/2024
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung ;
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vun de Kanner an Jugendlechen an eisem Wunngrupp ;
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechter/innen ;
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen ;
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
Äre Profil:
- En unerkannten Diplom als Auxiliaire de vie / Educateur diplomé mat der “autorisation d’exercer”
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Dir sidd disponibel a motivéiert fir variabel Aarbechtszäiten, dat heescht Dag- an Nuetsschichten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen.
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
- Dir hutt e Führerschäin B
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht an dynameschen Teams
- Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.