Een Infirmier
Published on 05/03/2025
Elisabeth
- Bettembourg
- Health / Medical Care / Social services
- Between 4k and 9k € / month
Är Aufgaben:
- Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Altersheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
- Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den « Attributions Infimiers »)
- Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
- Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
- Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
- Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir d’Bewunner
- Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Äre Profil:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier (m/w/d)
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden:
- 32-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d’exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours
Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERĂśCKSICHTEGT)