Stellvertriedend Direktioun (m/w/d)

Published on 12/05/2026

SOS Détresse asbl logo

SOS Détresse asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , EN , DE , LB
Educational level

Mir sichen eng stellvertriedend Direktioun (m/w/d)


CDI 40 St.


Hues du Freed drun, e Service matzeféieren, z’innovéieren a Mënsche professionell ze begleeden?


Bass du op der Sich no engem Start an eng féierend Positioun? Mir sichen eng Persoun, déi bereet ass an de kommende Jore Responsabilitéit ze iwwerhuelen an de Service weiderzeféieren.


Wanns du no enger mënschlech beräicherender an ofwiesslungsräicher Erausfuerderung sichs, freeë mir eis op Deng Kandidatur!


Deng Missiounen an Aufgaben:


  • Ënnerstëtzung vun der Chargée de Direction bei der Gestioun vum Service
  • Op d’Besoine vun eisem Service a vun de Benevollen agoen
  • Aktiv Bedeelegung un der Entwécklung vun neie Konzepter, Strategien a Projeten
  • Representatioun vum Service an der Ëffentlechkeet
  • Ausbildung, Begleedung a Supervisioun vun eise Benevollen
  • Entwéckelen an Duerchféiere vu Formatioune fir eis Benevollen
  • Collaboratioun mam Familljeministère a mat eisem Verwaltungsrot


Däi Profil a Kompetenzen:


  • Masterofschloss am psychosoziale Beräich (z.B. Psychologie)
  • Méijähreg Erfarung am psychosoziale Beräich
  • E Sënn fir Diskretioun a Vertraulechkeet
  • Staark Empathie an e wäertschätzenden Ëmgang mat anere Mënschen, a besonnesch mat deenen, déi an enger schwiereger Liewenssituatioun sinn
  • Bewosstsinn fir d‘Wichtegkeet vum Benevolat
  • Verantwortungsbewosstsinn, gutt Organisatioun, Kommunikatiounsfäegkeeten a Fäegkeet autonom wéi och am Team ze schaffen
  • Gudden Ëmgang mat Word, Excel a Powerpoint
  • Punktuell Flexibilitéit a punkto Aarbechtszäite fir d‘Formatiounen/Supervisiounen/Ëffentlechkeetsaarbecht
  • Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Engleschen
  • Führerschäi B an en Auto zur Verfügung


Wat mir bidden:


Mir bidden eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht an enger Ekipp vun héichmotivéierte Professionellen a Benevollen, déi an enger kollegialer a frëndlecher Atmosphär zesummeschaffen. D’Plaz ass ab direkt ze besetzen.


Bewerbung:


Wanns Du interesséiert bass, schéck eis Deng Bewerbung mat:


  • enger Lettre de Motivation
  • engem ausféierlechen CV
  • enger Kopie vun Diplomer an Zertifikater
  • enger aktueller Foto


Bei enger Astellung gëtt en aktuellen Auszuch vum Casier Judiciaire verlaangt.


D’Remuneratioun entsprécht dem SAS-Kollektivvertrag (Carrière C7).

Apply online

Stellvertriedend Direktioun (m/w/d)

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.


1

Newsletter

Stay informed about the state of Luxembourg's job market and receive our practical tips!

Unsubscribe at any time.