HR Manager | Är nächst Etapp: HR Director | 117K

Published on 20/10/2026

Austin Bright logo

Austin Bright

  • Luxemburg (Canton), Luxemburg, Luxembourg
  • HR / Recruitment
  • Between 116k and 117k € / hour

Working time
Type of contract
Professional experience
Educational level

Dir wëllt Iech am Personalwiese weiderentwéckelen, méi Verantwortung iwwerhuelen an an enger Organisatioun schaffen, wou Är Meenung wierklech zielt?

Eise Client, eng renomméiert Organisatioun zu Lëtzebuerg mat ronn 100 Mataarbechter, sicht eng engagéiert Persoun fir de Beräich Personalwiesen ze verstäerken.

Dës Positioun bitt Iech d'Méiglechkeet, eng villfälteg HR-Funktioun ze iwwerhuelen, enk mat der Direktioun zesummenzeschaffen a lues a lues méi strategesch Verantwortung ze kréien.

An dat alles an engem stabilen, mënschlechen a flexibelen Aarbechtsëmfeld, wou d'Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewe wierklech respektéiert gëtt.

Är Aufgaben

  • Dir berot an ënnerstëtzt d'Mataarbechter, d'Féierungskräften an d'Direktioun bei alldeeglechen HR-Froen.
  • Dir bedeelegt Iech un der Rekrutéierung, der Integratioun an der Weiderentwécklung vun de Mataarbechter.
  • Dir këmmert Iech ëm Froen am Zesummenhang mam lëtzebuergeschen Aarbechtsrecht an de soziale Relatiounen.
  • Dir iwwerwaacht Themen am Beräich vun der Paieverwaltung, der Remuneratioun an der HR-Administratioun.
  • Dir hëlleft dobäi, intern HR-Prozesser ze verbesseren an ze digitaliséieren.
  • Dir kritt d'Méiglechkeet, Iech no an no méi staark u strategeschen HR-Decisiounen ze bedeelegen.

Äre Profil

  • Dir hutt schonn Erfarung am Personalwiesen, zum Beispill als HR Business Partner, HR Manager, HR Generalist oder Responsabel fir Personalwiesen.
  • Dir kennt de lëtzebuergeschen HR-Ëmfeld an hutt gutt Grondkenntnisser am lëtzebuergeschen Aarbechtsrecht.
  • Dir schafft gär mat Mënschen zesummen a schätzt eng ofwiesslungsräich Aarbecht.
  • Dir sidd organiséiert, selbstänneg a bréngt gär Är eegen Iddien an.
  • Dir schwätzt fléissend Lëtzebuergesch AN Franséisch. Béid Sprooche sinn obligatoresch.

Wat mir Iech bidden

  • Eng Jorespai vu bis zu 117.000 € brutto, jee no Ärer Erfarung.
  • 34 Congésdeeg pro Joer.
  • Flexibel Aarbechtszäiten an e gutt Gläichgewiicht tëscht Beruff a Privatliewen.
  • Iessensbongen, verschidde Primmen an eng Parkplaz.
  • Eng stabil a renomméiert Organisatioun mat enger mënschlecher Aarbechtskultur.
  • Eng enk Zesummenaarbecht mat der Direktioun.
  • Reell Méiglechkeeten, Iech berufflech weiderzeentwéckelen a méi Verantwortung ze iwwerhuelen.

Firwat sollt Dir Iech bewerben?

Dir musst haut nach keen HR Director sinn, fir dës Chance ze notzen!

Eise Client sicht virun allem eng motivéiert, villsäiteg Persoun, déi Lëtzebuergesch schwätzt, gär mat Mënsche schafft a sech laangfristeg an enger Organisatioun engagéiere wëllt.

Wann Dir Iech am Personalwiese weiderentwéckele wëllt, ouni op Är Liewensqualitéit ze verzichten, kéint dës Positioun genee dat Richtegt fir Iech sinn.

Mellt Iech bei eis a loosst eis ganz vertraulech iwwer dës Opportunitéit schwätzen!

Apply online

HR Manager | Är nächst Etapp: HR Director | 117K

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.


1

Newsletter

Stay informed about the state of Luxembourg's job market and receive our practical tips!

Unsubscribe at any time.