NEW Educateur diplômé (M/W/NB) – Kannerhaus Movida (Furen)
Published on 15/09/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir d'Kannerhaus Movida zu Furen een Educateur diplomé (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch
De Centre Movida bitt de Mataarbechter d'Geleeënheet an enger engagéierter an dynamescher Equipe am Beraich vun der intensiv-pedagogescher Betreiung fir Jugendlecher ze schaffen. D'Aarbecht besteet ënner anerem doraus déi Jugendlech bei Alldagbewältigungen ze ënnerstëtzen. Zousätzlech suergt déi enk Zesummenaarbecht mat den Autoritéiten, Schoulen a Famillje fir en intressanten an ofwiesslungsräichen Alldag.
Deng Aufgaben:
Alldeeglechen Encadrement an intensiv-pedagogesch Betreiung vu Jugendlecher tëscht 13 an 18 Joer
Plangen an Ëmsetze vun Aktivitéiten a Projeten
Vernetzt Zesummenaarbecht mat internen an externe Partneren
Däi Profil:
Een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
Kenntnisser an der traumasensibeler Aarbecht
Interessi mat Jugendlechen ze schaffen a si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
Flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet op Schichten an Weekends ze schaffen
Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)