NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

Published on 13/08/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Professional experience
Educational level

Mir siche fir d'Internat Ettelbréck en Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 20 Stonnen/Woch


D’Internat Ettelbréck begleet a ënnerstëtzt Schülerinnen a Schüler tëscht 12 a 25 Joer an hirem Alldag an op hirem perséinlechen Entwécklungswee. Eist Zil ass et, déi jonk Leit ze stäerken, fir datt si aktiv a verantwortungsvoll hir eegen Zukunft kënne gestalten. Fir eis engagéiert a multidisziplinär Ekipp ze verstäerken, siche mir eng motivéiert Persoun, déi hir pedagogesch Kompetenzen, hir Kreativitéit an hir Begeeschterung an d’Aarbecht mat jonke Mënschen abréngt. Bei eis hues du d’Méiglechkeet, aktiv un der Gestaltung vun engem nohaltegen, liewegen a wäertschätzende Liewens- a Léierëmfeld matzewierken an d’Entwécklung vun eise Schülerinnen a Schüler positiv mat ze gestalten.


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Kanner an hirem Alldag

  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

  • Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

  • Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen

Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Apply online

NEW Educateur diplômé / Educateur gradué (M/W/NB) - Internat Ettelbréck

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.


1

Newsletter

Stay informed about the state of Luxembourg's job market and receive our practical tips!

Unsubscribe at any time.