NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)

Published on 16/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , EN , DE , LB
Educational level

Mir siche fir eise Service „Familljenhaus“, baséiert zu Izeg : Agent administratif (M/W/NB) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch


Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer a bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoine vu Kanner, Jugendlechen a Familljen, wéi Berodung, Informatioun, Therapie, Formatioun a sozialpädagogesch Ënnerstëtzung. Dorënner falen déi follgend Servicer:  Aide familiale, Assistance familiale, Placement familial, Berodungsdéngscht a Quai57 (Suchtberodung).


Deng Aufgaben:

  • Du bass zoustänneg fir d’Gestioun vun den Uriff, Mailen a Courrier

  • Du mëss den administrative Suivi (Encodage, Dokumenter, etc.) a Verbindung mat de Prestatiounen

  • Du bass zoustänneg fir d’Aarbechtsplanifikatioun vum Service Aide familiale 

  • Du këmmers dech ëm déi deeglech administrativ Aarbecht vum Service

  • Du assuréiers d’telefonesch Ruffbereetschaft (“astreinte téléphonique”) ee Weekend pro Mount

Däi Profil:

  • Du hues een Diplom (minimum DAP) am Beräich Administratioun, Sekretariat oder änlech

  • Du hues minimum 3 Joer Beruffserfarung an engem administrative Posten

  • Du kanns flexibel an autonom schaffen, hues awer och ee staarken Teamgeescht

  • Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet

  • Du hues ee gudde Kontakt mam Client

  • Du hues gutt Kenntnisser am MS Office (Word, Excel, Outlook, etc.)

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch schwätzen a schreiwen, Portugisesch ass vu Virdeel

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Apply online

NEW Agent administratif (M/W/NB) - Familljenhaus (Izeg)

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.