Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Réimech

Published on 05/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun derAide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


D'Maison Relais Réimech, befënnt sech ganz grenzno an am Stadkär vun der Muselgemeng Réimech. Hei sënn 263 Platze fir Kanner aus dem Cycle 1 bis 4. Mir setzen e grousse Wäert  op dat regionaalt a sinn och immens naturverbonnen op Grond vun der Proximitéit vun de Miseler Wäibierger. Ma net nëmmen d'Natur mee och Sprooche ginn hei valoriséiert. Net manner ewéi 45 verschiddenen Sprooche ginn an der Maison Relais geschwat an esou kënne d'Kanner déi verschidde Sprooche vuneneen a matenee léieren. Déi jonk an dynamesch Equipe besteet aus 27 fachkompetenten Persounen. Bass du intresséiert? Da mell dech elo !


Mir siche fir d’Maison Relais Réimech: Educateur diplomé (M/W/NB) - 20 Stonnen/Woch CDI


Responsabilitéiten

  • Du empfänks a begleeds d’Kanner aus dem Cycle 2-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen


Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Apply online

Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Réimech

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.