Coiffeuren (m/f) – an engem Altersheem
Published on 20/04/2026
Salon Isabel Coiffure
Coiffeuren (m/f) – an engem Altersheem
Isabel Coiffure, e renomméierte Salon zu Mamer, sicht Coiffeuren (20 St.) fir d’Equipe ze verstäerken a fir Coiffurs-Prestatiounen an engem Altersheem zu Houwald ze maachen.
Eist Zil: Den Bewunner en opmierksamen, professionellen a mënschleche Service bidden, an dobäi déi héich Qualitéit vun eisem Salon bäibehalen.
Profil deen mir sichen:
- Qualifizéiert/e Coiffeur/se mat op d'mannst 2 Joer Erfahrung.
- Gutt mat eelerer Clientèle ëmgoën kënnen, gedëlleg, häerzlech a Versteesdemech hunn.
- Beherrschung vun de klassesch Techniken (Schnëtt, Brushing, Faarf, asw.).
- Sproochen: Franséisch AN Däitsch oder Lëtzebuergesch sinn onbedéngt erfuerderlech; all aner Sprooch ass e Plus.
Är Missiounen:
- D’Bewunner vum Altersheem mat Suergfalt an Empathie coifféieren an hinnen Wuelbefannen a Selbstvertrauen schenken.
- Mat hëllefen am Salon zu Mamer jee no Bedarf.
- Dobäi hëllefen eng häerzlech a respektvoll Atmosphär ze schafen.
Wëllt Dir Ärem Beruff als Coiffeur e Sënn ginn? Kommt bei Isabel Coiffure!