NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Nidderaanwen
Published on 05/09/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir eis Crèche Nidderaanwen : Educateur diplômé(M/W/NB) am CDD vun 12 Méint (remplacement congé maternité/parental) mat 30-35 Stonnen/Woch
D'Crèche Nidderaanwen bitt e liewege Raum fir ronn 80 Kanner, déi a fënnef altersgerecht Gruppen ënnerdeelt sënn. Eng engagéiert a motivéiert Equipe aus pädagogesche Mataarbechter suerge fir eng häerzlech a professionell Atmosphär. D'Kanner kënne net nëmme vu verschiddene hellen a moderne Raimlechkeete bannen, mee och vun zwou grouss Platze bausse profitéieren, déi Raum fir Entdeckung a Beweegung bidden. D'Aarbecht an der Crèche Nidderaanwen - Schaffen an engem kreativen an ënnerstëtzendem Ëmfeld, bei där net nëmmen d'Entwécklung vun de Kanner, mee och déi perséinlech Entwécklung vun de Mataarbechter gestäerkt gëtt.
Deng Aufgaben:
Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-3 Joer
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Däi Profil:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schreiwen a schwätzen
Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto
Wat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)