NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Crèche/Maison Relais Rammerech

Published on 13/02/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , EN , DE , LB
Educational level

Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun der Crèche/Maison Relais Rammerech: Chargé de direction (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/ Woch


D’Crèche an d’Maison Relais Rammerech bidden Plaz fir ronn 300 Kanner a verfüge iwwer professionell ageriicht Bildungsraim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.

Deng Aufgaben:

  • Du bass zoustänneg fir den organisatoreschen Oflaf an déi administrativ Leedung vum Site

  • Du encadréiers eng pluridisziplinär Ekipp a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung vun de Mataarbechter.innen

  • Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogesche Projeten déi de Besoine vun de Kanner an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen

  • Du vertrieds d’Crèche an d’Maison Relais no baussen (Familljen, extern Partner, Gemeng, etc.) a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht

  • Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Direktioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozio-edukative Beräich (minimum Bachelor)

  • Du hues Beruffserfarung am Crèche-Beräich

  • Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden

  • Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vu neie Projeten

  • Du kanns selbstänneg schaffen an hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Apply online

NEW Chargé de direction (M/W/NB) - Crèche/Maison Relais Rammerech

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.