Agent éducatif fir d'Wunngrupp Haus 12 zu Miersch - CDI 75%-80%

Published on 08/09/2026

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG logo

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG


Working time
Type of contract
Educational level

D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Wunngrupp

d'Haus 12 zu Miersch:


engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher

wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.

Dir sidd Agent éducatif
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen

an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?

Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.

Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.

Mir freeën eis op Är Kandidatur !


Är Aufgaben:

  • Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

  • Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

  • Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen


Äre Profil:

  • Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen dem gesichte Profil entsprëcht,

  • Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)

  • Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen

  • Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

  • Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

  • Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen

  • Dir hutt de Führerschäin (B)

  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel


Mir bidden:

  • Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

  • Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz

  • Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

  • Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 laut Diplom)

  • Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

  • Motivatiounsbréif

  • Liewenslaf mat Foto

  • Kopie vum Diplom

  • Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Come meet us

Unicareers Luxembourg

Friday 25 September 2026 Luxembourg

SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG will be participating in the next Unicareers. Come meet your next potential employer and increase your chance of being hired.

Register for the event
1

Newsletter

Stay informed about the state of Luxembourg's job market and receive our practical tips!

Unsubscribe at any time.