Kinesithérapeute (m/w/x) - 100% - CDD
Published on 15/10/2024
Fondation Kräizbierg
D’Fondatioun Kräizbierg, œuvre d’utilité publique, sicht fir hire Site zu Diddeleng:
een Kinesithérapeute (m/w/x)
40 Stonnen/Woch am Kader vun engem CDD
Äre Profil:
- Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kinesithérapeute
- Dir beherrscht d’lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
- Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
- PC-Kenntnisser (Office Tools) Ärerseits sinn vun Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültegen Führerschäin
Mir bidden:
- ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
- eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
- an encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Dir fannt weider Informatiounen op www.kraizbierg.lu ënnert der Rubrik ʻJobsʼ wou dir Är Kandidatur bis de 30.10.2024 eraschécke kënnt.