Educateur diplômé - Maison Relais Reisduerf (m/w)
Published on 14/09/2023

ARCUS asbl
Educateur diplômé - Maison Relais Reisduerf (m/w)
arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d’Maison Relais Reisduerf: Educateur diplômé (m/w) - 30 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Mir bidden
- E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld