Coordinateur de projets - Agence Dageselteren (m/w/d)

Published on 11/12/2024

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Professional experience
Educational level

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


An der Agence Dageselteren bidde mir eng Plattform wou mir Dageselteren aus Lëtzebuerg begleeden an ënnerstëtzen. Zousätzlech kréien Dageselteren a Fleegefamilljen hei verschidden Aus- a Weiderbildung ugebueden. Als Coordinateur de projets entwéckels, koordinéiers a setzt sozialpädagogesch Projeten ëm a schaffs mat diverse Partneren aus dem sozialer Secteur zesumme. Wann du Loscht hues, op verschidde motivéierend Projeten ze schaffen, da bass de bei eis genau richteg!


Mir siche fir d'Agence Dageselteren een Coordinateur de projets (m/w/d) – 30-40 Stonnen/Woch CDI


Responsabilitéiten

Hues Du Loscht als Coordinateur vu Projeten am Beräich vun der Begleedung an Ënnerstëtzung vun den Dageselteren zu Lëtzebuerg ze schaffen a follgend Missiounen ze erfëllen?


  • Konzeptuell Entwécklung an Ausschaffe vu sozialpedagogesche Projete
  • Koordinatioun an Ëmsetzung vun dëse Projete
  • Vernetzung an Zesummenaarbecht mat all de concernéierte Partneren
  • Ausféierung an Evaluatioun vu Workshops

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues eng Qualifikatioun am Beräich Sciences Sociales et Éducatives (Sozialpedagogie, Sozialaarbecht) a kenns de soziale Secteur zu Lëtzebuerg
  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom
  • Du hues Erfarung am Projetsmanagement
  • Du hues eng clientsorientéiert Approche
  • Du hues organisatoresch an analytesch Kompetenzen
  • Du schaffs souwuel gutt an der Equipe ewéi och autonom

Mir bidden

  • E Gehalt an Avantagen am Kader vum SAS-Kollektivvertrag
  • E motivéierenden, multidisziplinäert Aarbechtsfeld
  • E Schaffen a multikulturellen a dynameschen Equippen

Wann Dir un eiser Propose interesséiert sidd an Dir Iech an dësem Profil erkennt, da schéckt eis Är Kandidatur eran.

 

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)


ARCUS asbl logo

ARCUS asbl

52b Avenue Gaston Diderich
1420 Luxembourg
Luxembourg

Career ARCUS asbl

Coordinateur de projets - Agence Dageselteren (m/w/d)

Apply online

Coordinateur de projets - Agence Dageselteren (m/w/d)

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this monthly meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.


Win an
Iphone 16 📱