Aide Socio-familiale - Familljenhaus Norden (m/w/d)
Published on 22/03/2025

ARCUS asbl
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
D'Familljenhaus ass ee Service, dat all eis ambulant Déngschter fir Kanner, Jugendlecher a Familljen ënnert engem Dach vereent. Heibäi handelt et sech em eng ganzheetlech Betreiung mat Ënnerstëtzung am Beräich ewéi Berodung, Informatioun, Therapie a sozialpedagogesch Hëllefen. Ënnert den ugebuedenen Déngschtleeschtungen zielt och d'Aide Familiale, déi eng Ënnerstëtzung am Stot leeschten. Hei kanns du gemeinsam mat enger multiprofessioneller Equipe eis Clienten zu den Theme Kachen, Akafen oder Kannerbetreiung ënnerstëtzen.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Familljenhaus Norden: Aide socio-familiale - 32-40 Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
Eng ofgeschlossenen ASF-Formatioun, den Modul “Enfance et familles » ass vun Virdeel"
Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten
Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Dir hutt en Führerschäin Klass B
Mir bidden
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld