NEW Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

Published on 12/02/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Educational level

Mir siche fir d’Maison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) am CDI mat 20-30 Stonnen/Woch


An der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet d'Méiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.


Deng Aufgaben:

  • Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng Educateursformatioun

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel


Waat dech erwaart:

  • D'Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Apply online

NEW Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.