NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Centre Formida

Published on 19/02/2026

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Educational level

Mir siche fir de Centre Formida een Educateur diplômé (M/W/NB) mat 35 Stonnen/Woch am CDI.


De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen. Weider Infoe fënns du ënner formida.lu


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 a 24 Joer an engem CISP (centre d'insertion socio-professionnelle)

  • Zesumme mat de Partnerlycéeën, eng kreativ Approche entwéckelen an ëmsetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren

  • Ofstëmmung vu formalen an non-formale Bildungselementer a verschiddenen Atelieren am Sënn vun “Projektlernen” a “Skillstraining”

  • Begleedung vun deene Jonken an hirer (Ré)integratiounsphase an d’Schoul oder an d’Beruffswelt 


Däi Profil:

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

  • Du bass oppen fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Zousazausbildungen an de Beräicher Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik oder anere kreative Beräicher si vu Virdeel


Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an d'Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Si bitt en kollektivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Apply online

NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Centre Formida

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.