NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Formida Wunnen

Published on 13/12/2025

ARCUS asbl logo

ARCUS asbl


Working time
Type of contract
Spoken languages
FR , DE , LB
Educational level

Mir siche fir eist Internat "Formida Wunnen" : Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) am CDI mat 32 Stonnen/Woch


De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei deem Bildung, Kreativitéit an Nohaltegkeet vereent ginn. Formida Wunnen ass d’Internat vum Centre Formida, wou Jonker am Alter vun 12 bis 18 Joer an engem geschützte Raum wunnen, léieren a wuessen. Hei ginn déi Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten. Weider Informatioune fënns du ënner formida.lu.


Deng Aufgaben:

  • Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 18 Joer an hirem Alldag

  • Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

  • Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

  • Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher

Däi Profil:

  • Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

  • Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

  • Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

  • Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Apply online

NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Formida Wunnen

 
 
 
 

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt (max size: 10 mo).



Ex: Cover letter, portfolio, etc.

Supported formats:
.pdf, .doc, .docx, .odt, .png, .jpg, .jpeg, .gif (max size: 10 mo).


Take this opportunity to create a free and secure account to join the Moovijob.com community.

 
 
i
Use at least eight characters including letters, one number and one symbol.
Confidentiality

At Moovijob.com we take care of your data security. Your Moovijob.com account will never appear publicly. We respect your privacy settings. Only the companies for which you apply or those using the Moovijob.com CV database can have access to your profile.


Stay informed of the latest news about the Luxembourg market and receive our advice during this meeting!

By applying through Moovijob.com, you accept the legal information.