NEW Artisan polyvalent (M/W/NB) – Service Technique (Norden)
Published on 14/02/2026
ARCUS asbl
Mir siche fir de Service Hausmeeschteren am Norden een Artisan polyvalent (M/W/NB) mat 40 Stonnen/Woch am CDI.
De Service Hausmeeschter ass eng dynamesch, flexibel a multidisziplinär Equipe. Déi ronn 10 Handwierker an Techniker si fir Entretienen, Reparaturen an Ëmbauaarbechten an iwwer 100 Strukturen am sozialen, edukativen a pedagogesche Beräich zoustänneg.
Deng Aufgaben:
Entretiens- a Reparaturaarbechte vu Gebaier op verschidde Platzen
Plënneraarbechten a Montage vu Miwwelen
Maintenance vun de Gäert
Richteg benotze vu verschiddene Baumaterialien
Däi Profil:
Een DAP am Beräich vum Handwierk, oder passend Qualifikatiounen
Erfarung an der Ënnerhalung a Reparature vu Gebaier a Fäegkeet mat verschiddene Materialien ze schaffen
Kierperlech fit a belaaschtbar an Spaass u physesch an usprochsvoll Tätegkeeten
Handwierklech begaabt a staarken Teamgeescht
Flexibel an autonom schaffen
Valabelen Autosführerschäin
Kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen
Waat dech erwaart:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis:
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)