Educateurs diplômés - Kannerhaus Gréiwemacher (m/w)
Published on 02/12/2023

ARCUS asbl
Educateurs diplômés - Kannerhaus Gréiwemacher (m/w)
arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen.
Responsabilitéiten
Mir siche fir d'Kannerhaus Gréiwemaacher / Grupp Horizont : Educateurs Diplômés (m/w) - 30 - 40Stonnen/Woch CDI
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Obligatoresch Ufuerderungen
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
- Dir hutt minimum 3 Joer Beruffserfahrung
- Dir sidd interesséiert mat Jugendlechen ze schaffen an si an hirem Alldag ze begleeden an ze ënnerstëtzen
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten an och bereet an den Schichten an de Weekend ze schaffen
- Dir kennt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel
Mir bidden
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld